Workshop Messerschläifen an Handwierkertreffen vum 3. Januar 2026
18th January 2026
Freunde des alten Handwerks
Den 3. Januar huet eise Veräin säin éischt Treffen am neie Joer organiséiert. D’Membere konnten an enger gemittlecher Atmosphär zesummekommen, sech austauschen an nei Iddien fir zukünfteg Aktivitéiten entwéckelen. Besonnesch vill Interessi krut de begleetende Workshop „Messerschläifen“ vum Nico Alfter, deen och gutt besicht war.
Am Workshop gouf gewisen, wéi ee Messer ouni Maschinn mat der Hand an op verschiddene Materialie schäerfe kann. All Participant huet seng eege Messere matbruecht an ënner fachlecher Uleedung u senger Schläiftechnik geschafft a se perfektionéiert. Dës praktesch Approche huet vill Begeeschterung ausgeléist a war fir vill Participanten eng wäertvoll Léiererfarung.
