Skip to contentSkip to footer
Freunde des alten Handwerks

Freunde des alten Handwerks
Freunde des alten Handwerks

Umellen

Assemblée générale op der "Liblingsplaz"

3rd April 2026

Freunde des alten Handwerks

Den 10. Mäerz hu mir eis Assemblée générale am Bistro „Liblingsplaz“ zu Schwéidsbeng ofgehalen. Wéi den Numm et scho seet: eng richteg Liblingsplaz mat enger gemittlecher Atmosphär!

Nieft dem Réckbléck op dat lescht Joer an eis vergaangen Treffen, Workshoppen, Sortien a Projeten hu mir och nees bewisen, datt een Traditioun, gutt Iddien a gemittlecht Zesummesinn perfekt matenee verbanne kann.

Mir freeën eis besonnesch, datt eise Veräin mëttlerweil op 26 Memberen ugewues ass!

Eist alt Handwierk bleift natierlech am Mëttelpunkt, an d’Pläng fir déi nächst Aktivitéite sti schonn an de Startlächer.

Merci un all déi, déi dobäi waren! Mir freeën eis op alles, wat dëst Joer nach kënnt!

image